Konveniat 35 Joer LSK 1


Leif Lautrer an Ex-Lautrer, Et Sinn elo 35 Joer hier dass den LSK vun enger Handvoll Lëtzebuerger Studenten gegrënnt ginn ass. Grond genuch fir een Konveniat an eiser Studentestad ze organiséieren. Mir hunn een entspaanten Programm virgesinn , dëst während dem Altstadtfest Weekend deen et iech erlaabt ären Zäitplang fräi ze gestalten. Hei an e puer Wieder zum provisoreschen Oflaf :
  • Freides, den 1. Juli
20.00 fakultativen Owend an engem Restaurant matt duerno enger Visite um Altstadtfest, PS : et ass während der Futtball EM an et ass een Match vun der Véirelsfinall  
  • Samschdes den 2ten Juli
14.00 Auer Treffen fir eng Visite vun der Uni, zesummen matt engem offiziellen Vertrieder an aktuelle Lëtzebuerger Studenten 18.30 Visite vum Stadion Betzenberg matt uschléissendem Apéro 20.00 Gala Buffet am VIP Beräich Betzenberg 01.00 Passage um Altstadtfest  
  • Sonndes den 3ten Juli
12.30 fakultatiivt Iessen am Traditiounshaus “ Filippo” matt gemittlechen Auslaf. Mir rechnen matt 120 Leit an déi Éischt sinn vir. Fir eng gutt Organisatioun kennen ze maachen hunn mir folgendes festgeluecht : Den offiziellen Programm also d’ Visiten an den Gala Buffet vum 2ten Juli gëtt duerch eng Participatioun organiséiert : fir Betriber vun Ancienë, respektiv Betriber wou Ancienë’ schaffen :                         250,00 Euro matt Logo op der Presentatioun (Facture op Ufro !) Ancien Member :                                                      100,00 Euro Aktuellen LSK Member :                                         60,00 Euro       Als Umellung gëllt nëmmen d’ Iwerweisung ! Iwwerweisung matt (Betrib), Virnumm, Numm an Ufanksjoer zu KL op folgend Kontosnummer : IBAN LU95 0019 2755 6336 5000 ; Bic: BCEELULL bis spéitstens den, 30ten Abrëll 2016   Weider wichteg Punkten :
  1. Fier d’ Iwwernuechtung organiséiert all Ancien sech selwer :
  Hei e puer Adressen : https://www.hotelbb.de/de/kaiserslautern Barbarossastraße 2 67655 Kaiserslautern Tel.: +49 631 / 41 46 10.   https://www.hotelbarth.de Mühlstraße 31, 67659 Kaiserslautern Telefon:+49 631 37260   https://www.sakshotels.com/index.php Stiftsplatz 11, 67655 Kaiserslautern Telefon: +49 631 361250 http://www.hotel-heymann.de/hotel-kaiserslautern.html Mühlstraße 6, 67659 Kaiserslautern Telefon: +49 631 70267 http://neu.altstadthotel.com/de/homepage/?new=www.altstadthotel.com Adresse: Steinstraße 51, 67657 Kaiserslautern Telefon: +49 631 36430   Fir weider Fro’en an Ureegunge mellt Iech w.e.g beim Gilles Bermer, Misch Thill, Fonny Schaaf oder iwwer eisen Kontakt     Mir freeën eis op een flotte Weekend  


Leave a Reply

One thought on “Konveniat 35 Joer LSK